De Virverkaf ass eriwwer. Du kanns awer gären nach en Ticket an der Oweskeess kafen.
Kanner Theater – Käerjenger Guiden a Scouten
Wou d’Schlumpfe zesumme sinn, do schéngt ëmmer d’Sonn, do gëtt et keng trauereg Minn. Oder dach?
Alles ass roueg am Schlumpfendeurf. Jidder Schlumpf mécht dat, wat en am beschte kann, bis op eemol… Oh nee, a wat ass dat ? E Schlumpf gesäit ganz anescht aus. Wéi ass dat méiglech? A nach vill méi wichteg : kann een dat erëm réckgängeg maachen?
Den ale Schlumpf fënnt, dass et un der Zäit ass, eng vun de spannendste Schlumpf-Geschichten ze erzielen, déi et jee gouf. Egal op grouss, kleng, Schlumpf oder Scout, jiddereen ass häerzlech wëllkomm! Fir iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Wéini? 9. Mäerz um 17h00 an 10. Mäerz um 15h00
Wou? Kënzeger Festsall (1, rue de Selange, L-4965 Clemency)